Wie si mir?

Eis A.s.b.l. huet als Zil, d'Vergaangenheet vun den zwou Uertschafte Koplescht a Bridel an hirer Ëmgéigend z'exploréieren an ze dokumentéieren.

Koplescht

Mir presentéieren d'Resultater vun eise Recherchen dem grousse Publik ënner Form vu Broschüren, duerch Ausstellungen, bei Trëppeltier duerch eis Gemeng, etc.


A.s.b.l. Koplescht – fréier an hott
Éirepresident: Jos Junck

Presidentin: Maria Scheppach
Vize-Presidentin: Caroline Steffen
Sekretär: Mike Anen
Tresorier: Fernand Greisen

Eis Associatioun gouf den 25. September 2008 zu Koplescht gegrënnt. Hir Statuten si beim Registre de Commerce et des Sociétés RCS ënner F7743 hannerluegt.

Zanter Joren zielt de Veräin eng 350 Memberen, zur Halschent aus der Gemeng, vereenzelt souguer aus dem Ausland.


Vläicht hutt Dir interessant Dokumenter oder flott Erënnerungen un d’Liewen an der Gemeng Koplescht. Dir kënnt eis gäre kontaktéieren; vläicht kënne mir Äert Material publizéieren.


Kontakt

A.s.b.l. Koplescht - fréier an hott
c/o Mike Anen
76, boulevard Simonis
L-2539 Luxembourg

contact@koplescht-bridel.lu

© Koplescht - fréier an hott, 2024