Extra

Hei fannt Dir weider Informatiounen iwwer verschidden Artikelen an eise Broschüren.


Kopleschter Sprooch

An der Broschür 31 analyséiert den Alexandre Ecker, Lexikograf am Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), d'Kopleschter Aussprooch vun de sougenannte Wenkersätz (benannt nom Georg Wenker, 1852–1911), déi vu sechs Kopleschter Persounen opgesot goufen. Hei sinn d'Enregistrementer vun de sechs Persounen a Kopleschter Sprooch an och eng Opnam op Standardlëtzebuergesch als Referenz:

Margot Ewen-Ecker (†):

Rosch Ecker:

Liette Marso-Ecker:

Mil Marso:

Jängi Muller:

Marie-Paule Pansin-Ewen:

Referenzsprecherin Marthy Gloesener:


Wéi ass Lëtzebuergesch eng Sprooch ginn?

De Marc Barthelemy, Éirekommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch, hat op der Generalversammlung 2023 een Exposé gehalen zu der Fro, wéi d'Lëtzebuergescht eng Sprooch ginn ass. Mir publizéieren hei mat der frëndlecher Geneemegung vum Auteur d'Sliden, déi den Här Barthelemy wärend dem Virtrag gewisen huet.

Wéi ass Lëtzebuergesch eng Sprooch ginn? (7,9 MB – © Marc Barthelemy)


"Ons Heemecht“ an enger Versioun vum Flavio Giannini

An der Broschür 26 ziele mir d’Geschicht vun enger Kopleschter Famill, déi am 19. Jorhonnert vun Nouspelt aus a Südamerika ausgewandert ass. Een Nokommen, de Flavio Giannini aus Brasilien, huet eis dofir seng sëllechen Nofuerschungen zur Verfügung gestallt.

Als Hobbymusiker huet de Flavio Giannini eis Nationalhymn nei interpretéiert. Hei weise mir säi Video, wou hien „Ons Heemecht“ mat der Gittar virséngt: 


De Flavio Giannini widmet seng Opnam vum 13. Juni 2020 dem Grand-Duc an deem senger Famill, hie wëllt awer och un all d’Affer vun der Pandemie erënneren.


Weidemillen

An enger Artikelrei stellt den André Anen ausféierlech d’Geschicht vun der Weidemillen an de Broschüren 1819 an 20 vir.

Doropshin huet RTL am Kader vun der Serie „Et wor emol … zu Lëtzebuerg“ zwou Episoden iwwer d’Weidemillen an den Mercier-Direkter Edgar Cossé gewisen. De Journalist Marc Thoma huet dofir mam President vu „Koplescht - fréier an hott“, dem Jos Junck, zesummegeschafft.

Hei kënnt Dir déi zwou Emissiounen um Site vun RTL kucken:


Kopleschter Lidd

De Jängy Muller stellt am Heft 14 d’Geschicht an d’Bedeitung vum "Kopleschter Lidd" vir.

Hei kënnt Dir en Extrait vun der Opnahm mam Jean Kandel am Becheler lauschteren:


Eng CD mat zwou Versioune vum Kopleschter Lidd kënnt Dir duerch Iwwerweise vu 5 Euro op eise Bank-Kont BCEE LU88 0019 2855 8554 5000 (Koplescht - fréier an hott) bestellen.

  • Déi éischt Versioun, mam Pierre Rech sengem Saz, gouf vun der Briddel-Wormer Chorale um "Festival du chant et du vin“ de 14. November 1981 opgeholl.
  • Déi zweet Versioun ass eng Opnahm vum Jean Kandel, op deeër d’Lidd vum Chouer „am Becheler“ esou gesonge gëtt, wéi d’Kopleschter et an Erënnerung hunn.


Opriichte vum Missiounskräiz

Missiounskräiz, 1953

De Rosch Ecker zielt a sengem Artikel am Heft 15 vun der Missioun vun zwee Pateren 1953 an der Kopleschter Par. Am Heft konnte mir nëmmen en Deel vun de Fotoen publizéieren, déi d’Pressessioun weisen, wéi d’Missiounskräiz opgeriicht gouf.

Hei fannt dir nach weider Fotoen, a virun allem och d’Nimm (souwäit se bekannt sinn) vun de Persounen op de Fotoen.

© Koplescht - fréier an hott, 2024