Aktuell


Generalversammlung – 28. Mäerz 2024

Mir invitéiere jiddereen häerzlech op eis Generalversammlung den Donneschden 28. Mäerz um 19 Auer am Kopleschter Kulturhaus.

Um Enn vun der Versammlung presentéiert Dr. Joëlla van Donkersgoed vun der Uni Lëtzebuerg de Projet "Historesch Gesinn" vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH).

Jiddereen ass wëllkomm, och Är Famill, Är Frënn an Är Bekannten!

Invitatioun mam Ordre du jour
 
Historesch Gesinn, 2024


"fréier & hott" 30 ass eraus!

Am Novemberheft lauschtere mir an d'Diskussioun ëm den neie Kopleschter Duerfkär eran, maachen een Tour duerch d'Saangen a loossen eis vun der Kopleschter Aussprooch iwwerraschen. Hei fannt Dir de kompletten Inhalt vum Heft 30.


Ausfluch op Metz – 3. November 2023

Sou wéi schonn zejoert hu mir nees an Zesummenaarbecht mat der Asbl Mamer Geschicht an der Kopleschter KulturASBL ee Busausfluch gemaach, dës Kéier op Metz. An der Haaptstad vun der Lorraine hu mir déi gotesch Kathedral bewonnert, hunn een Tour guidé mam Bus duerch d'Stad gemat a waren an der gallo-réimescher Sektioun vum Musée de la Cour d'Or.

Flyer
Metz, 2023


Trëppeltour – 2. Juli 2023

Trëppeltour
Sonndes, den 2. Juli 2023 ware mir op eisem traditionelle Fréijoerstour ronderëm d'Thillsmillen spadséieren. Et ass um 14.30 Auer um Parking bei der Drëps lassgaangen.

Hei kann een ee klengen Artikel iwwer den Tour liesen.

Méi Informatiounen ginn et am Flyer:

Flyer


Neies aus dem Comité

Mil  Jängy
No der leschter Generalversammlung seet de Comité dem Mil Marso ee grousse Merci fir säi 15 Joer laangen Asaz als Veräinskeessjee. De Fernand Greisen wäert déi Aufgab an Zukunft iwwerhuelen.

De Jean Muller gouf zum Éirecomitésmember ernannt, nodeems hien zanter der Grënnung vum Veräin aktiv am Comité matgeschafft huet.

Dem Jängy an dem Mil soen mir villmools Merci!


Generalversammlung 2023

Mir invitéieren eis Memberen häerzlech op d'Generalversammlung, déi Donneschdes den 23. Mäerz 2023 am Kopleschter Kulturhaus ofgehale gëtt.

Mir freeën eis besonnesch, dass den Här Marc Barthelemy, Éirecommissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch, eis um Enn vun der Versammlung e klengen Exposé hält zum Thema: Wéi ass Lëtzebuergesch eng Sprooch ginn?

Jiddereen ass wëllkomm, och Är Famill, Är Frënn an Är Bekannten!

Invitatioun mam Ordre du jour


Ausstellung Tréier „Untergang des Römischen Reiches" – 4. November 2022

An Zesummenaarbecht mat der Mamer Geschicht Asbl an der Kopleschter KulturAsbl si mir de Freiden, de 4. November 2022 mam Reesbus op Tréier gefuer, fir déi grouss Ausstellung „Untergang des Römischen Reiches“ kucken ze goen.

Flyer

Ausfluch op Tréier, 2022


Fréijoorsausfluch – 19. Juni 2022

Den traditionellen Tour huet eis dëst Joer an d’Géigend vum Märjendall an op Ansebuerg geféiert.

Rendez-vous war virum Klaushaff tëschent Keespelt a Schëndels. Vun do aus si mir laanscht eng „Fliehburg“ bis bei d’Reiterlee spadséiert. Dono goung et hannescht bei de Klaushaff, vu wou mir mam Auto op Ansebuerg gefuer sinn, fir do d’Gäert vum Schlass ze kucken.

ansebuerg22

Flyer

Hei ginn et weider Detailler a Biller vum Tour.


Generalversammlung 2022

Mir soen deenen iwwer 130 Membere Merci, datt si de Stëmmziedel zréckgeschéckt hunn. All d’Punkte vum Ordre du jour si mat grousser Majoritéit ugeholl ginn.

Ofstëmmungsresultater

Villmools Merci fir d’Matmaachen an déi vill léif Kommentaren!


Chrëschtmaart – 27.–28. November 2021

Mir ware mat engem Stand um Briddeler Chrëschtmaart, deen d’Gemeng Koplescht organiséiert hat, dobäi.

Do hu mir Broschüren, Postkaarten an Abonnementer verkaf – a mat ville Membere gepotert.

006


Trëppeltour – 11. Juli 2021

No laanger Zäit konnte mir mol nees e klengen Ausfluch an d'Natur organiséieren.

Vum Briddeler Kierfecht aus si mir duerch de Bësch an de Kléipesch an dono op d’Kräizgaass gaangen, dem fréieren Duerfkär vu Koplescht. Iwwer de Flamo an den Ale Wee gounge mir dono hannescht op de Briddel.

Natierlech sinn et ënnerwee wéi gewinnt eng sëllegen Erklärunge vun eise Spezialiste Jos Junck a Jean Weiss iwwer d’Natur vun hott an d’Geschicht an d’Kultur vu fréier ginn.

t3 t1 t5

Info-Flyer (2,2 MB)

Hei fannt Dir ee kuerzen Artikel iwwert eisen Tour mat e puer Fotoen.


Comité vum 20. Mee 2021

De Comité huet a sénger Sëtzung vum 20. Mee de Jos Junck zum Éirepresident gestëmmt a gläichzäiteg d’Maria Scheppach an d’Caroline Steffen als Presidentin resp. als Vize-Presidentin gewielt.


Ausstellung 2019 – Mënschen a Gesiichter vu fréier

An Zesummenaarbecht mat der Kopleschter Gemeng invitéiere mir op eis Hierschtausstellung vum 8. bis den 10. November 2019 am Kopleschter Kulturhaus.

Koplescht 50er


Dobäi weise mir Fotoe vu Schoulklassen (vu rezent bis ganz al) a Konveniaten, Erënnerungsbiller vu Veräinsausflich, Hochzäitsfotoen an Doudebiller. Dobäi kënnt ee Stand vun der Associatioun luxroots.com, dem lëtzebuergeschen Zentrum fir Familljefuerschung.

Spillschoul 1983


Freideg, 8. November, 19.30 Auer: Vernissage
Samschdeg, 9. November, 14–18 Auer
Sonndeg, 10. November, 14–18 Auer

Den Entrée ass wéi ëmmer fräi.

Flyer (1,1 MB)

Hei fannt Dir Fotoe vun der Ausstellung.


Heede, Schof a Bëscher – de Mamerdall fréier an haut

A Kollaboratioun mam SICONA hate mir den 19. Mee 2019 en Trëppeltour bis bei d’Schëndelser Schéiferei organiséiert.

Schendels19


Ënnerwee sinn d’Leit intressant Saachen iwwer de lëtzebuergesche Bësch an d’Geologie vum Mamerdall gewuer ginn, a si hunn déi eng oder aner historesch Anekdot aus dem Ëmfeld vun der Schéiferei héieren.

Hei si Fotoe vum Tour.


Visite beim SICONA

IMG 9715

De Comité vu "Koplescht – fréier an hott" a Membere vum fréiere Kopleschter Touring-Club waren den 13. Mee 2019 de SICONA besichen.

Hei sinn e puer Biller vun der Visite.


Generalversammlung 2019

Eis Generalversammlung war de Samschden, 30. Mäerz 2019, um 15 Auer am Kopleschter Kulturhaus. Op der selwechter Geleeënheet hu mir d’Broschür 21 presentéiert.

Um Enn vun der Generalversammlung huet d’Historikerin Antoinette Reuter en Exposé iwwer „Hexen zu Lëtzebuerg“ gehalen.

Hei sinn e puer Fotoe vun der Assemblée.


Memberslëscht

Fir eis Memberslëscht konform zum Asbl-Gesetz ze halen, biede mir eis Memberen, dat ausgefëlltent Formulär vun der Säit „Fir eis Memberen“ zréckzeschécken.


Anniversaire – 10. November 2018

Mir hunn de Samschden 10. November 2018 um 15 Auer an der Brideler „Salle polyvalente“ den 10. Anniversaire vu „Koplescht – fréier an hott“ gefeiert. Eis Memberen an all d’Awunner vu Koplescht a Bridel waren op d’Feier invitéiert, déi mir mam Éirewäin vun der Gemeng gemittlech bei enger Diashow ofgeschloss hunn.

Anniv402


Hei sinn nach e puer Fotoen vun der Gebuertsdagsfeier.


Natur a Geschicht ronderëm de Brameschhaff

Mir hunn eis Sonndes den 13. Mee 2018 um Brameschhaff (Gemeng Kielen) fir eise Fréijoorstrëppeltour gesinn (an Zesummenaarbecht mam SICONA).

Brameschhaff Kopie


Um Tour iwwert de Brameschhaff an duerch d'Bëscher vum Mamerdall si mir op d'Sich no de Spuere vun der Vergaangenheet gaangen. Mir kruten intressant Saachen iwwert d'Geschicht vum Brameschhaff an iwwer dei fréier Kuerfweideplantagen am Weidendall gezielt a mir hunn d'Reschter vum Erhuelungs-Chalet vum fréiere Merciers-Direkter Edgar Cossé fonnt. Do dernieft si mir ënnerwee och munches gewuer ginn iwwert d'Déieren- a Planzeanaarten, déi mir am Bësch gewise kruten.    

Hei sinn e puer Fotoe vum Tour.


Generalversammlung 2018

Eis Generalversammlung war den 22. Mäerz 2018 um 19.30 Auer am Kopleschter Kulturhaus. Dee selwechten Owend hu mir d’Broschür 19 presentéiert.

De Georges Eicher, Generalsekretär vun luxroots.club asbl, huet no der Generalversammlung e Virtrag gehalen zum Thema:

Ahnenfuerschung zu Lëtzebuerg – Wéi hautdesdaags jiddereen e Stammbam vu senger Famill maache kann

Hei sinn e puer Fotoe vun der Versammlung.


Visite vun de Raschpëtzer zu Walfer

Mir si mam Pit Kayser Mëttwoch de 14. Juni 2017 de réimesche Qanat zu Walfer kucke gaang. Hei sinn e puer Fotoe vun der Visite.

IMG 2833

Hei ass en Artikel iwwert d’Raschpëtzer, dee viru längerer Zäit mol an der "Revue technique" vum Ingenieursveräin publizéiert gouf. Duerno gouf den Artikel an enger Broschür vun der Walfer Gemeng publizéiert, déi awer vergraff ass.

Artikel iwwer d’Raschpëtzer (deutsch/français)


Natur a Kultur beim Kléngelbur: Vu Bëscher, Bongerten a Gipsofbau

Dëst Joer huet eis den Trëppeltour – a Kollaboratioun mam SICONA - Sonndeg den 21. Mee 2017 an de Bongert vum Kléngelburhaff gefouert. Virdru si mir laanscht den éischte Gipsweier bis an d’Tagebaugebitt vum Gipsofbau gaang. Hei sinn e puer Fotoe vum Ausfluch.

Klengelbur-15


Generalversammlung 2017

Eis Generalversammlung war de 16. Mäerz 2017 um 19.30 Auer am Kopleschter Kulturhaus.
Bei där Geleeënheet gouf d’Broschür 17 presentéiert.

De Pit Kayser, Professor am Mamer Lycée, huet no der Generalversammlung e Virtrag gehalen zum Thema:

D’Raschpëtzer vu Walfer – dee längsten Tunnel aus der Réimerzäit nördlech vun den Alpen“

Hei sinn e puer Fotoe vun der Versammlung.

AG2017 03


Ausstellung 2016

„Eist Duerfbild am Laf vun der Zäit“

An Zesummenaarbecht mam „Service des sites et monuments nationaux“, mam SICONA a mat der Kopleschter Gemeng invitéieren mir op eis Hierschtausstellung vum 17. bis den 20. November 2016 am Kopleschter Kulturhaus.


expo16


Mat Fotoe vun hott a vu fréier stelle mir d’Entwécklung vun eisen zwou Uertschafte vir a weisen op erhalenswäert Gebaier hin. Mir ginn op d’Natur am Duerf an a kucken am Detail verschidden Déieren, déi mat eis zesummen an der Uertschaft liewen.

Donneschdeg, 17. November, 19 Auer: Vernissage
Freideg, 18. November: 10-12 Auer, 14-17 Auer
Samschdeg,19. November: 12-18 Auer
Sonndeg, 20. November: 14-18 Auer

Flyer (516 KB)

Hei fannt Dir Fotoe vum Vernissage.


29. Mee 2016: Trëppeltour duerch eis Gemeng

„Architektur-Ierfschaft an Duerfnatur zu Koplescht

Den Départ ass um 14.30 Auer zu Koplescht virum Centre Wiertspesch

Mir fannen zu Koplescht nach eng Rei interessant an aussergewéinlech Gebaier, déi et ze schützen an ze erhale gëlt. Op dësem Tour maache mir eng kleng Entdeckungsrees duerch d’Duerf fir flott Gebaier ze sichen an unzekucken. Ënner anerem kënne mir d’Pompelstatioun besichtegen. Mee och d’Natur huet munches am Duerf ze bidden. Mir stellen iech duerfir ënnerwee och interessant Déieren a Planzen vir, déi hir Heemecht bei eis am Duerf fonnt hunn. Den Tour dauert ongeféier 2,5 Stonnen an ass gréisstendeels flaach, also fir jiddwereen ze goen. 

Dëse Projet an Zesummenaarbecht mam SICONA-Westen a mat Vertrieder vum "Service des sites et monuments nationaux“ gëtt vum Nohaltegkeetsministère ënnerstëtzt.

Hei fannt Dir Fotoe vum Tour.

Tour 2016


Generalversammlung 2016

D’Generalversammlung ass de 24. Mäerz 2016 am Kopleschter Kulturhaus ofgehale ginn.
Bei dëser Geleeënheet gouf och d’Broschür 15 presentéiert.

De President vum Service des sites et monuments nationaux, den Här Patrick Sanavia, huet no der Generalversammlung e Virtrag gehalen zum Thema:

"Architekturierwen zu Lëtzebuerg an an der Gemeng Koplescht: fannen, schützen an erhalen"

Hei sinn e puer Fotoe vun der Versammlung.

Generalversammlung, 2016


5. Dag vun der lokaler Geschicht zu Mamer

D’Mamer Geschichtsfrënn organiséieren Sonndes den 11. Oktober 2015 hire 5. Dag vun der lokaler Geschicht. Niewent Expositiounen a Stänn vun de Veräiner gi Virtreeg iwwer d’Réimer an d’Kelte gehalen. D'Manifestatioun ass am Mamer Kinneksbond an den Entrée ass fräi.

"Koplescht - fréier an hott" mécht mat engem Stand bei der Ausstellung mat. Jidereen ass häerzlech wëllkomm, laanscht kucken ze kommen.

Hei fannt Dir de geneeë Programm als pdf-Dateien:

Flyer Säit 1 (560 KB)

Flyer Säit 2 (342 KB)

Flyer Säit 3 (547 KB)

Flyer Säit 4 (1,2 MB)

Flyer Säit 5 (1,3 MB)


Trëppeltour 2015

Wësst Dir, dass d’Bichebëscher, esou wéi mer se am Mamerdall fannen, zu eisem weltwäiten Naturierwe gehéieren? Kennt Dir déi al Steekaul um Muesbierg, an deeër d’Steng geschloe gi sinn, fir d’Gemengenhaus an d’Kierch ze bauen? Wësst Dir, dass an de Sandformatioune vum Lëtzebuerger Sandsteen eng eege spezialiséiert Déierewelt lieft? Hutt Dir scho beim Missiounskräiz déi wäit Vue iwwert de Mamerdall genoss?

Wann Dir dëst alles a méi wëllt kenneléieren, dann invitéiere mir Iech häerzlech op eisen Trëppeltour mam Thema:

„Spiechttrommelen a Sandsteenformatiounen – Natur a Kultur an de Kopleschter Bëscher“

en Donneschdeg, de 14. Mee 2015 (Christi Himmelfahrt).

Um 14.30 Auer geet et virum Centre culturel Wiirtspesch zu Koplescht lass.
Den Tour dauert ca. 3 Stonnen. Dot fest Schong un!

Hei fannt Dir d’Fotoen vum Tour.

Tour 2015


Generalversammlung 2015

D’Generalversammlung ass fir den 26. Mäerz 2015 am Kopleschter Kulturhaus virgesinn.
Bei dëser Geleeënheet wäert och d’Broschür 13 presentéiert ginn.

D’Germaine Goetzinger, Historikerin a fréier Directrice vum Nationalen Literaturzentrum, hält en Exposé iwwer d’Meedercher am Dingscht.

Hei sinn e puer Fotoe vun der Versammlung.

Generalversammlung, 2015


Ausstellung "Eis Steekollen“ - Presentatioun vum Heft 12

Donneschdes, den 13. November 2014, ass d’Ausstellung "Eis Steekollen - Geologie, Notzung, Natur“ a Präsenz vum Kopleschter Buergermeeschter Romain Adam opgaang. De selwechten Owend gouf och d’Broschür 12 mat de Bréiwer vun engem Kopleschter Zwangsrekrutéierten, dem Francis Thimmesch, virgestallt.

Hei fannt Dir weider Informatiounen an och d’Fotoe vun der Soirée.


Ausstellung 2014

Mir organiséieren am Hierscht eng Ausstellung iwwer d’Steekollen (Carrièren) an eiser Gemeng. Mir présentéieren hir Geschicht a beliichten och déi räich Natur, déi doranner e spezielle Liewesraum fonnt huet.

Aarbechter an enger Steekoll

D’Steekollen hu laang Joren zum „Gesiicht“ vun eiser Uertschaft gehéiert. Do hunn engersäits d’Awunner aus der ganzer Ëmgéigend hirt Baumaterial hir kritt, mee esou Carrière sinn och interessant aus der Siicht vun der Geologie a si sinn en interessante Liewesraum fir Déieren a Planzen, déi ee soss néierens fënnt

Déi flott illustréiert Ausstellung ass vum 13. bis den 16. November 2014 am Kopleschter Kulturhaus ze gesinn.

Flyer Ausstellung 2014 (6,9 MB)


Briddeler Waassertuerm

Trëppeltour 2014

Sonndes den 11. Mee 2014 ass eisen traditionnellen Trëppeltour, wou mir an Zesummenaarbecht mam Naturschutzsyndikat SICONA-Westen eppes fir d’Natur an d’Geschicht an eiser Gemeng gewuer ginn.

Dëst Joer féiert eis de Spazéierwee vum Bridel laanscht de Waassertuerm bis bei d’Dräihäremaarken.

Treffpunkt ass um 14.30 Auer virum Briddeler Waassertuerm.

Hei fannt Dir d’Fotoen vum Tour.


Generalversammlung 2014

D’Generalversammlung ass fir den 27. Mäerz 2014 am Kopleschter Kulturhaus virgesinn.
Bei dëser Geleeënheet wäert och d’Broschür 11 presentéiert ginn.

Hei sinn e puer Fotoe vun der Versammlung.


Konferenz mat ëffentlecher Deebatt

D'Mamer Geschichtsfrënn invitéieren op eng Konferenz mat Diskussioun zum Thema „Siten a Gebaier - hire Schutz an déi ëffentlech Deebatt“. Riedner ass de Patrick Sanavia, Direkter vum Service des sites et monuments nationaux (SSMN).

D'Konferenz gëtt organiséiert an Zesummenaarbecht mat „Koplescht - fréier an hott“, de Bartrenger Geschichtsfrënn a „Quo vadis Käerch“ am Kader vun de Journées du Patrimoine 2013.

All interesséiert Persoun ass op der Konferenz den 21. Oktober 2013 um 19.30 Auer am Festsall vum Mamer Schlass wëllkomm.

Invitatioun vun de Mamer Geschichtsfrënn


Trëppeltour 2013

„Koplescht - fréier an hott“, d’Gemeng Koplescht an de SICONA-Westen invitéieren Iech häerzlech op hiren Trëppeltour mam Thema Natur a Geschicht am Mamerdall e Sonndeg, den 28. Abrëll 2013.

Rendez-vous ass um 14.30 Auer bei der “Seemillen” zu Koplescht (um Enn vun der Rue Schmitz).

Trëppeltour, 2013

De Mamerdall, mat senge Bëscher, Quellen, Fielsen an der Baach selwer, ass eng ganz besonnesch Landschaft, déi mir op dësem Tour zesummen entdecken. Dir gitt net nëmmen eppes iwwert interessant Déieren a Planzen am Mamerdall gewuer, mee och iwwert d’Spueren, déi de Mënsch bei der Notzung vun dëser Landschaft hannerlooss huet an iwwert d’Zesummenhäng, déi et tëschent dem Mënsch, de Liewenraim an der Flora a Fauna gëtt.

Den Tour dauert ca. 3 Stonnen. W.e.g. fest Schung undoen!

Hei fannt Dir d'Fotoen vum Tour.


Generalversammlung vum 21. März 2013

Den 21. Mäerz 2013 hat „Koplescht - fréier an hott“ op d'Generalversammlung invitéiert a vill Memberen waren an d'Kulturhaus op Koplescht komm.

Zenter der Grënnung viru fënnef Joer ass et dem Veräi gelongen, mat zwou Broschüren d'Joer an interessanten Manifestatiounen eng ëmmer méi grouss Zuel vu Memberen fir déi lokal Geschicht ze begeeschteren.

Generalversammlung, 2013

A Vertriedung vum President Jean Ewen huet de Jos Junck d'Versammlung opgemat an déi vill Memberen, déi komm sinn, häerzlech begréisst. Hien huet ënner anerem der Gemeng an der Assurance-Gesellschaft Lalux fir hir finanziell Ënnerstëtzung Merci gesot. E grousse Merci sot hien och de Gemengenaarbechter fir hir Hëllef bei verschiddenen Organisatiounen, dem SICONA fir déi elo scho quasi traditionnel Trëppeltier an dem Club 100 fir e ganz generéisen Don.

D'Sekretärin Maria Scheppach huet op d'Aktivitéiten vum Joer 2012 zréckgebléckt. Si konnt besonnesch op déi zwou Broschüren hiweisen, déi 2012 erauskomm sinn, op d'Organisatioun vum Trëppeltour am Fréijoer 2012 a Kollaboratioun mam SICONA, op d'Ausstellung iwwer de Briddeler Kierchebau an d'Natur am Mamerdall an op de weideren Ausbau vum Veräinsarchiv. Am Joer 2013 ass den 28. Abrëll en Trëppeltour ënner dem Motto „Natur a Geschicht am Mamerdall“ virgesinn. Veräinsmemberen, Kolleegen an Naturfrënn sinn all häerzlech wëllkomm.

Den Tresorier Emile Marso huet de finanzielle Rapport vun 2012 explizéiert, dee vun de Reviseuren Lise Linster an Johannes Scheel gepréift gi war. Dono huet hien de Budget fir dat lafend Joer virgestallt. Béid Rapporten goufen vun der Versammlung eestëmmeg ugeholl. Doropshin krut de Comité och d'Entlaaschtung accordéiert.

De Comité gouf eestëmmeg a senger Fonctioun confirméiert an duerch de Mike Anen kompleetéiert.

De Rosch Ecker huet sech eng Freed doraus gemat, dat neit Heft, frësch aus der Dréckerei, op eng lieweg Manéier virzestellen.

Um Enn huet de Jos Junck all den Auteuren vun der Broschür Merci gesot. E Merci goung och un d'Memberen vum Comité fir hirt Engagement an un d'Memberen fir hiren Intérêt am Laf vum leschte Joer un der lokaler Geschicht

Jean Ensch, 2013

Nom offiziellen Deel vun der Generalversammlung hat „Koplescht - fréier an hott“ awer nach e besonnesche Maufel ze bidden. Op Invitatioun vum Veräin huet de Jean Ensch, dee groussen Expär zu der lëtzebuergescher Auswanderung no Amerika, en Exposé gehalen ënner dem Titel „Mir ginn an Amerika - Amerika-Auswanderung aus dem Kanton Capellen“.

De Jean Ensch huet et mat sengem Wëssen a senger Kompetenz verstan, d'Zuschauer matzerappen a fir dëst spannend Thema ze begeeschteren. Et gëtt jo kaum eng Famill, déi sech net un e Monni oder eng Tatta aus Amerika erënnere kéint.

Dono, beim Éierewäin, gouf et nach genuch Geleeënheeten, Froen ze stellen a verschidde Gedanke weider ze spannen.

Weider Fotoen

© Koplescht - fréier an hott, 2024