Fréijoerstour ronderëm Ansebuerg 2022

Fotoen: Caroline Steffen, Mike Anen – 19. Juni 2022

Den traditionelle Fréijoerstour huet eis dëst Joer bei héichsummerlechen Temperaturen an d’Géigend vun Ansebuerg gefouert.

Lass goung et beim Klaushaff, net wäit ewech vu Schëndels. Den Numm weist nach haut drop hin, datt fréier do een Eremit gelieft huet. Iwwer d’Felder goung et dunn op d’Kopp Buerggruef, wou nach Iwwerreschter vun enger aler Fliehbuerg ze erkenne sinn. Do sinn an den ënneschte Buedemschichten Schierbelen aus der Zäit vun der Bandkeramik-Kultur fonnt ginn.

Um Fiels vun der Reiterlee bidd sech ee wonnerbare Bléck an de Märjendall a bis op déi aner Säit, op Huelmes. D’Klouschter Märjendall gouf zur Zäit vun der Gräfin Ermesinde gegrënnt. Déi bekanntsten Nonn war deemools sécher d’Yolanda vu Veianen. Ufanks vum 20. Jorhonnert waren déi Wäiss Pateren, ee Missiounsuerden, an de Gebailechkeeten. Hott gëtt de Site geréiert vum SNJ, dem Service national de la Jeunesse. Op der Reiterlee gouf natierlech d’Seeche vum dapere Ritter gezielt, deem säi Päerd mam Huffeisen Spueren um Fiels hannerlooss huet, déi nach hott ze gesi sinn. Dono, ënnerwee am Bësch, war et trotz der grousser Hëtzt deen Dag agreabel kill. Leider sinn och un de Beem schonn d’Suitte vum Klimawandel däitlech ze gesinn.

Um Enn vum Ausfluch hu mir nach een Tour duerch d’Gäert vum Aansebuerger Schlass gemaacht, laanscht d’Uebstbeem, d’Rousestäck an d’Statuen aus der griichescher Mythologie. Aussergewéinlech ass déi 200 Meter laang Allee aus Hobichen direkt niewent der Äisch, eng wonnerbar Plaz fir do am Summer bei grousser Hëtzt ze flanéieren. Ee grousse Merci dem Jos Junck an dem Caroline Steffen fir hir Erklärungen iwwer d’Geschicht an d’Natur.


© Koplescht - fréier an hott, 2022