Architektur-Ierfschaft an Duerfnatur zu Koplescht 2016

Fotoen: Christina Mayer, Mike Anen, Fernand Schoos – 29. Mee 2016

Op Initiativ vun de Kopleschter Geschichtsfrënn an a Kollaboratioun mam Ëmweltsyndikat SICONA an dem „Sites et monuments“ hunn eng véierzeg intresséiert Biergerinnen a Bierger en Trëppeltour duerch Koplescht gemat.

Duerch ausféierlech Erklärungen vum Christina Mayer vu „Sites et monuments“ sinn d’Spazéiergänger interessant Detailler iwwer Haiser a Gebaier am Duerf gewuer ginn, déi et verdéngt hätten, erhalen ze bleiwen. D’Claudine Junck an de Fernand Schoos hunn op Déieren a Planzen opmierksam gemat, déi hire Liewensraum matten am Duerf fonnt hunn.

Grad am richtege Moment konnt e schwaarze Storch beim Fluch iwwer d’Duerf gesi ginn. Den Héichpunkt war déi bannenzegt Visite vum Kopleschter Waasserwierk, mat dem d’Stad Lëtzebuerg eng Partie Quartiere mat Kopleschter Quellwaasser versuergt.

Um Enn vum Tour hat d’Kopleschter Gemeng op den Éierewäin invitéiert, bei deem d’Leit nach hir sëllech Froe mat den Tourguide beschwätze konnten.


© Koplescht - fréier an hott, 2022