Ausstellung 2019 „Mënschen a Gesiichter vu fréier"

Fotoen: Mike Anen – November 2019

Ongeféier 300 Personen si sech tëschent dem 8. an dem 10. November 2019 d’Ausstellung „Mënschen a Gesiichter vu fréier“ am Kopleschter Kulturhaus ukucke komm.

Thematisch waren déi ronn 250 ausgestallte Fotoen ënnerdeelt an Hochzäiten, Konveniaten, Schoulklassen, Veräiner, Eenzelpersounen an Doudebiller. An enger Diashow goufe 600 Biller vun der Spillschoulsjoffer Liette Majerus mat Schoulkanner aus de Joren 1966 bis 2006 gewisen.

De Genealogie-Veräin luxroots.com huet op engem Stand de Leit gewisen, wéi si hir Virfahren erausfanne kënnen.


© Koplescht - fréier an hott, 2022