Trëppeltour ronderem de Brideler Waassertuerm 2014

11. Mee 2014

An de Bëscher ronderem de Brideler Waassertuerm fanne mir net nëmmen e räicht Déieren- a Planzeliewen, mee och nach Iwwerreschter vun enger interessanter Geschicht aus de leschte Jorhonnerten.

D’Dräimaarken si Grenzsteng, déi haut d’Limite vun de Gemengen Koplescht, Stroossen an der Stad Lëtzebuerg markéieren. Deemols hunn déi Maarken de Besëtz vum Deutschherrenorden ofgegrenzt, ier déi Lännereien fir d’éischt am 18. Jorhonnert verpacht an dono verkaf goufen.

De Waassertuerm selwer läit op enger Héicht vun 390 m op Terrain vun der Gemeng Stroossen. Am Moment gëtt de Réservoir op 500 m3 ausgebaut.

Hei stung zur Zäit vun der Stater Festung eng Schanz als Beobachtungsposten. Vun do goung d’Vue bis an den Uelzechtdall an a Richtung Stad. Deemols waren d’Beem wéinst de Kuelebrennereien nëmmen hallef esou héich wéi haut.

Mir sinn déi laang Trap am Tuerm eropgeklommen a goufe mat enger Vue belount, déi vun der Areler Knippchen iwwer d’Wandrieder vu Kéimen an d’Jonglënster Antennen bis op d’Hesper Autobunnsbréck goung.


© Koplescht - fréier an hott, 2022