Ausstellung „Eist Duerfbild am Laf vun der Zäit“ 2016

Fotoen: Mike Anen – 17. November 2016

Ganz vill Leit konnt de Präsident Jos Junck um Vernissage vun der Ausstellung am Kopleschter Kulturhaus begréissen. Och wann d’Ausstellung ënner dem Motto „Eist Duerfbild am Laf vun der Zäit“ stung, konnten d’Leit net manner wéi véier verschidde Volete kenneléieren: eng Géigeniwwerstellung vu Fotoen vu fréier an hott, d’Déieren an d’Planzen an eisen Dierfer, rezent Beispiller vu Renovatiounen mam „Service des sites et monuments nationaux“ an e Stand zum Thema „Sand“.

De selwechten Owend huet de Rosch Ecker d’Heft 16 virgestallt an ass am Detail op déi eenzel Sujeten agaang. De Buergermeeschter Romain Adam huet fir déi sëllech Aktivitéite  felicitéiert an huet als Merci vun der Gemeng dem Veräin d’Buch „Les mariages de Luxembourgeois à Paris de 1860 à 1902“ iwwerreecht.

Dono sinn déi eenzel Deeler vun der Ausstellung dem Public presentéiert ginn, ier d’Gemeng op den Éierewäin invitéiert huet.


© Koplescht - fréier an hott, 2022