Presentatioun Heft 12 - Ausstellung 2014

13. November 2014

D’Heft 12 huet e besonnesche Sujet: d’Zwangsrekrutéierung, un déi Koplescht - fréier an hott elo 70 Joer no der Befreiung vun eisem Land erënnere wëllt. Dofir gouf dës Broschür och an engem spezielle Kader virgestallt. Nodeems de Rosch Ecker op déi eenzel Artikelen am Heft agaangen ass, huet den Direkter vum CDREF, de Steve Kayser, op d’Wichtegkeet higewisen, d’Erënnerungen un déi schwéier Zäite wakereg ze halen an un déi jonk Generatiounen virunzeginn. De Steve Kayser wënscht sech ähnlech Projeten och an anere Gemengen am Land.

De Kopleschter Buergermeeschter Romain Adam huet fir déi reusséiert Broschür felicitéiert an de Wonsch ausgedréckt, dass d’Heft och an de Schoulen Uklang fënnt. De Fernand Heischling hat dunn d’Éier, déi éischt Broschüren un d’Christiane Molitor-Hennen, eng Niess vum Francis Thimmesch, an un de Lucien Thimmesch, en Neveu vum Francis Thimmesch, z’iwwerreechen als Merci dofir, dass si dem Francis seng Bréiwer versuergt a Koplescht - fréier an hott uvertraut hunn.

Dono goufen déi verschidden Deeler vun der Ausstellung „Eis Steekollen - Geologie, Notzung, Natur“ virgestallt. Dat hu fir de SICONA-Westen d’Claudine Junck, fir de Service géologique vu Ponts et Chaussées de Robert Maquil a fir Koplescht - fréier an hott de Jean Weiss an de Jos Junck iwwerholl.

D’Heft 12 mat de Kommentaren a Bréiwer vum Kopleschter Zwangsrekrutéierte Francis Thimmesch kënnt Dir fir 15 € hei um Site bestellen.



© Koplescht - fréier an hott, 2022