Trëppeltour um Muesbierg 2015

14. Mee 2015

Op Christi Himmelfahrt goung eisen Trëppeltour vum Wiirtspesch aus de Millewee erop a laanscht déi nei Haiser am Foxepesch. Hannert dem Fräiheetsbam vun 1939 gounge mir riets an de Bësch eran, en typesche Bichebësch. Eis europäesch Bichebëscher si weltwäit eenzegaarteg a schon aleng dowéinst schützenswert.

Uewen um Muesbierg huet ee beim Missiounskräiz eng schéi Vue an de Mamerdall. D’Kräiz vun 1953 erënnert un eng Volleksmissioun duerch zwee Pateren, déi deemols uechter d’Land d’Leit un déi kathoulesch Aart a Weis fir ze liewen erënnert hunn. Um Muesbierg hu mir och déi fréier Steekoll fonnt, aus där d’Steng fir d’Kopleschter Kierch an d’Gemengenhaus gehã goufen.


© Koplescht - fréier an hott, 2022